De BAND X vun de Geschichtsfrënn aus der Gemeng Beetebuerg ass do!

“ Beetebuerg al Laf vun der Zäit“ Band X bréngt dës Kéier:

Eng genee Beschreiwung vun der Entwecklung vun der Eisebunn zu Beetebuerg an de leschten 50 Joer. Wat ass moderniséiert gi, mat weltlechen techneschen Mëttelen, wat ass alles geschitt beim Schinnennetz . Dëst ass eng ganz präzis Expertise iwwert 44 Säiten.Geschriwwen vun eisem Member Armand Schilling.

Eise Member Paul Oé beschreift eng ganz al Traditioun zu Hunchereng. D’Seenen vun de Päerd mam Schutzpatréiner den hellegen Hippolyt.

Duerno e Beitrag vum Jacqueline Schauls Diederich. Hat féiert eis an de Mosselter Bësch an erzielt eis wat do alles an de leschten honnert Joer passéiert ass.

Den Arthur Besch beschreift mat sengem Artikel d’Geschäftswelt an den 1930er Joeren zu Beetebuerg a wat weider dorausser entstanen ass. D’Union Artisanale a Commerciale vu Beetebuerg genannt UACB gëschter an haut.

En aussergewéinleche Betrib zu Beetebuerg mat vill geschichtlechem Hannergrond: D’Baufirma Erpelding, eng Traditioun zu Beetebuerg. E Beitrag vum Jacqueline Schauls-Diederich.

Duerno e Beitrag vum Michel Schaack zu fairem a gerechtem Handel mat Läit aus Länner deenen et net esou gutt geet wéi eis an Europa. Dës Handelspartner sinn ofhängeg vu fairen a gerechte Präisser fir hir Wueren. E maximalen Deel vum Mehrwert soll hinnen zoukommen a net bei Zwëschenhändler encaisséiert gi.

Dann ¨rëm zeréck op Beetebuerg. Dës Kéier gëtt d’Lëtzebuerger Strooss vum Jacqueline Schauls an vum Pit Klein dokumentéiert. E gekierzten Beitrag iwwert 90 Säiten. Mat villen Detailer a Biller.
Dann zum Schluss den 3. Deel iwwert d’wirtschaftlech Entwécklung vu Beetebuerg tëschent 1960 an 2020.. E Beitrag vum Pit Klein mat Explikatiounen a ville Biller a Graphiken.

Wëllt Dir dëst Buch liesen oder engem ët schenken?

Iwwerweist €30 plus 5€ Porto insgesamt 35€ op eise Konto bei der BIL LU16 0022 1941 4977 4800.

Dir kritt d’Buch dann heemgescheckt. ODER Dir kaft d’Buch am Bicherkueb, an der Garer Strooss zu Beetebuerg. Do kacht ëtt 30€.

Übersicht Inhalt


Mir freeen eis op är Bestellung oder e Besuch am Biecherkueb.

Weider Beiträg
Fest-vum-Buch 2023

Band XI ass do 

Den 23. Abrëll gouf de Band XI offiziell présentéiert. De Kader wor idealfir dës Annonce: Et wor d’Fest vum Buch am Kader vum LiteraTOUR zuBeetebuerg.

weiderliesen

Announce

New
arrival

2019 collection

Die Geschichtsfreunde aus der Gemeinde Bettemburg arbeiten zur Zeit aktiv an der Ausgabe „Beetebuerg am Laf vun der Zäit, Band IX“ (1)   und an der Publikatioun vun de „Chronique Familiale de la Commune de Bettembourg“ (2). Sollten Sie an diesen neuen Büchern interessiert sein senden Sie uns bitte eine Kurze Mail an geschichtsfrenn@beetebuerg.org mit dem Vermerk 1 oder 2 oder 1+2.